Iwwer Esperanto

Eng Sproch vun der internationaler Frėndschaft

Esperanto ass eng neutral international Sprooch, déi et Mėnschen vu verschiddenen Natiounen a Kulturen erméiglécht, sech op gläichem Fouss ze begéinen a mateneen ze schwätzen. Den polnėsch-jiddėschen Dokter Ludwik Leyzer Zamenhof (1859-1917) huet dės Sprooch am Joer 1887 ėnnert dem Schrėftstellernumm "Dr. Esperanto" ("esperanto"="deen, deen hofft") lancéiert; dėsen Numm ass dann och fir d'Sprooch selwer zréckbehale gin.

Esperanto zeechent sech doduerch aus, datt et kenger Natioun gehéiert: jidderee muss déi selwecht Méi op sech huelen, fir et ze léieren, jidderee mecht dee selwechte Wee, fir op deen Aneren duer ze goen. Esperanto ass d'international Sprooch vun der Frėndschaft.

D'Zil vum Esperanto ass et glat a guer net, déi aner Sproochen ze ersetzen. Et soll nėmmen als neutral Sprooch an der internationaler Kommunikatioun benotzt gin. Och wann Esperanto zueleméisseg keng Weltsprooch ass, sou get et nawell dach, iwwer all Kontinenter verdeelt, honnerdausende Leit, déi Esperanto nėt nėmmen op Kongresser oder am (elektronėsche) Bréifverkéier, mee och am Alldag, heiansdo esou guer an der Famill schwätzen.

Esperanto bitt eng alternativ Aart a Weis, fir aner Länner a Kulturen kennenzeléieren. Vill Esperantiste benotzen op hiire Reesen e weltwäit  Netzwierk vu Begäschtegongsméiglechkeeten, de sougenannte "Pasporta Servo", e Verzeechnes vun iwwer 1000 Adresse vun Esperantisten a méi ewéi 70 Länner, déi bereet sin, aner Esperantospriecher fir näischt bei séch opzehuelen an hinnen hir Stat oder Heemécht ze weisen.

Eng kloer a logėsch Sprooch, déi (relativ) einfach ze léieren ass

Esperanto ass op der enger Säit e gudde Krack méi liicht ze léieren ewéi iirgendeng national Sprooch, well säin Opbau méi einfach a méi regelméisseg ass. Op der anere Säit ass et awer ėrem esou streng a kloer ewéi Latäin a kann doriwwer eräus an all Gebitt, sief et am Alldag, an der Literatur oder a Wėschenschaft an Technik, benotzt gin.

Esperanto ass relativ liicht fir déi Léit, déi op d' mannst eng europäėsch Sprooch kėnnen (wat fir de gréissten Deel vun der Weltbevölkerung de Fall ass), well seng Wierder aus Wuerzelen ofgeleet gin, déi gemengerhand an den europäėsche, virun allem de romanėsche Sprooche viirkommen. D'Orthographie ass phonetėsch, dat heescht, all Wieder gin esou geschwat, wéi se geschriwwe gin. Fir dat ze erméigléchen, ass en eegent Alfabet entwéckelt gin, wat op deem laténgėsche baséiert, awer fir gewėsse Läuter extra Buchstawen huet.

D'Grammär ass einfach a regelméisseg; Substantiver, Adjektiver, Verben an Adverben hu charakteristėsch Endungen. Et gėt nėmmen e bestėmmten, onverännerléchen Artikel, "la" (z.Bsp.: "la amiko" - "de Frėnd"). Substantiver hu kee Genre a gi gekennzeechent duerch d'Endung "-o"; de Pluriel get markéiert duerch "-oj", an den Akkusativ bzw. den direkten Objet  duerch "-on" ("-ojn" am pluriel): "la amiko" ("de Frėnd"), "la amikoj" ("d'Frėnn"), "la amikon" ("dem Frėnd"), "la amikojn" ("de Frėnn"). D'Adjektiver hun d'Endung "-a": "amika" ( "frėnd(schaft)léch"), a kréie Pluriels- and Akkusativendungen no de Substantiver, vun deenen se ofhänken: "la bonaj amikoj estas tie" ("déi gudde Frėnn sin hei") - "mi vidas la bonajn amikojn" ("ech gesinn déi gudd Frėnn").

D'Verbe sin alleguerte regelméisseg an kréien nėmmen eng Endung fir all Zäiten a Moden: "mi iras" (Indikativ Präsens: "ech gin"), "mi iris" (Indikativ vun der Vergaangenheet: "ech si gangen"), "mi iros" (Indikativ vun der Zukunft: "ech wäert goen"), "mi irus" (Konditionnel: "ech giff goen"),  "vidu" (Imperativ bzw. "Volitiv": "géi" bzw. "gitt"). D'Endunge si fir alleguerte Persounen identėsch: "mi iras" ("ech gin"), "vi iras" ("du gees"), "li iras" ("hee geet"), "ni iras" ("mir goen"), "vi iras" ("dir gitt"), "ili iras" ("si gin"). Adverbe kėnnen duerch d'Endung "-e" ofgeleet gin: "amike" ("frėnd(schaft)léch").

Ėt gėt eng ganz Rei vun Affixen, déi u Wierder ugehaange kėnnen gin an déi et esou erlaben, nei Bedeitungen a Begrėffer ze schaafen: "lerni" ("léieren"), "lerni-GI" ("léieren din, bäibréngen"), "lern-EJ-o" ("Uert, an deem geléiert get, Schoul"), "lern-EJ-a" (adj.: "schoul-"), "lern-EJ-ESTR-o" ("Meeschter vun enger Schoul, Schoudirekter"). Wéi am Däitschen oder a gewėssen asiatėsche Sproochen ewéi d'Tiirkésch, as et méigléch, Wieder aus aneren zesummenzesetzen.Doduerch kann de Wuertschatz vum Esperanto praktėsch onbegrenzt erweidert gin.

Weider Informatiounen (net nėmmen) iwwer den Opbäu vum Esperanto kėnnt Dir z.B. um däitschen Esperanto-Site gewuer gin.

Eng lieweg Sprooch mat enger eegener Kultur

Esperanto ass längstens zu enger lieweger Sprooch gin, an däer Zeidonge geschriwwen a Radiosemissioune geschwat gin. Dat soll nėt verwonnere, sin dach och dat modernt Hebréiėsch an dat sougenannte "Nei-norwegėsch" "kėnschtléch" Sproochen. Et get net nėmmen en Esperanto-Weltverband mat enger ganzer Rutsch Landes- a Fachverbänn, mee och eng Sproochakademie, déi sech ėm d'Fleeg vum Esperanto kėmmert, an esou guer eng International Wėssenschaftsakademie (mat Sėtz zu San Marino), däeren hir Geschäftssprooch Esperanto ass.

An Esperanto gi Gedichter, Romaner an Theaterstécker geschriwwen an all Zorte vu Musik gemaach. Nimm ewéi Kalman Kalocsay, William Auld, Spomenka Sitmec, Trevor Steele, Mao Zifu an Abel Montagut, fir nėmmen e puer ze nennen, sti fir eng Literatur, déi de Vergläich mat aneren aushält. 1993 huet de PEN, den Internationale Klub vun den Poeten, Essayisten an Novelisten, esouguer eng eegen Esperantosektioun geschaf an 1998 gouf zum éischte Mol an der Geschicht en eminenten Esperantodichter, de William Auld, fir den Nobelpräis virgeschloen.

Esperantiste ville sech nėt nėmmen hiren eegenen Natiounen a Kulturen zougehéiereg, mee och als Mêmbere vun eng internationaler Gemeinschaft, déi nėt nėmmen duerch eng gemeinsam Sprooch, mee och duerch eng gemeinsam international Kultur an en humanistėscht Engagement fir d'Verstännegong ėnnert de Völker zesummegehale gėt.

 

sago Zréck op d'éischt Säit