Daat do as di éischt Cd vun den Levellers gewiecht, mam Titel "A Weapon Called The Word" , an se as fir d'éischt 1990 erauskomm. Eng nei Oplaag gouf et dunn nach 1996, matt 3 Bonus Tracks. Ech perséinlech fannen dest eng vun deenen beschten Cd's vun den Levellers och wann et schwéier ze beurteelen as, well all hier Cd'en excellent sin.Mee des as wieklech derwärt.
Dest ass hieren zweeten Album, "Levelling The Land", an se as 1991 erauskomm. Et ass eng immens typesch Cd, matt vill Gei an Mundharmonika, déi hier Musek esou fetzeg mecht. Absolutt en Muss.
Hier drett Cd, déi och "Levellers" einfach heescht, ass 1993 erauskomm. Se ass e bessen méi roueg wéi déi läscht, matt vill Didjeridoo an Dudelsaak.Fir e bessen méi relax ze maan, as desen Album wierklech genial.
Hieren véierten Album, "Zeitgeist", as 1995 erauskomm, an iwwertrefft an punkto Musek an an punkto Texter di Albumen vun virdrun. Et as einfach eng genial Cd, mee as awer net grad esou typesch, wéi déi méi aal Wierker.
Hier fenneft Cd aus dem Joer 1997, "Mouth To Mouth", geet dann schon e bessen méi an Richtung Brit Pop, mee hier Texter sin wéi emmer den Glanz. An souwisou sin d'Levellers jo Briten. Genial Briten.