Elo, an desem Moment sin ech also 17 Joer aal, an ech lauschtren dann och richteg gutt Musek an wärt am Hierscht mäin Führerschäin maachen. Ech wéilt am léifsten natierlech en donkelgringen dekapodablen Käfer, mee mäin Pappi mengt daat iwer ze onsecher. Herno wärt ech awer matt engem Allerwelstgolf rondrem fueren. Mee d'Haaptsaach ech fueren mol. Meng Stemmung den Moment as leider e bessen getrübt well ech onmoosseg den Schnapp hun an ech hei virun mech hinnéitschen an schneffelen.Mee ech mengen ech hun den Schnapp souwisou emmer 10 Méint am Joer, oder sou ähnlech.

Ech sin also elo no engem Klassenwiessel op der 3e am Schuman nach emmer, an et gefällt mer nach emmer plus ou moins do.Ech sin och nemmi sou schlecht wiop 4e, sin rem bessen um Niveau wéi an der Primärschoul.D'Catch as och nach emmer meng bescht Frendin, waat ech dann och nach ganz enorm gréissen ....*winke winke* an nach en schéinen Bonjour fir d'Laura, den JCJ, den Bob, den David, d'Tina an all déi déi sech eben ugesprach fillen.Ech mengen daat war et elo vun mir, an an nächster Zukunft fannen mer och nach Fotoen op deser Säit, as daat net immens. :-)))