Matt deem do Abschnitt as am Fong schon alles iwwert d'Levellers gesoot, mee ech well et awer net nemmen dobei beloossen, well des exceptionnel Grupp vill ze vill intressant as.
"The Levellers" hieren Numm as deen vun enger radikaler Partei vum Oliver Cromwell sengen Unhänger am 17. Jorhonnert an England. Si wollten Heuchlerei besäitegen an éierlechen Fridden an d'Land aféiren. En "Leveller" as iwwersaat een, deen alles gläich mecht, also Ongerechtegkeeten well op d'Säit schaafen."Justice" as den Levellers hiert Haaptmotto an dorems geet et och an hieren meeschten Lidder.Si sin bekannt als eng vun deenen raren Gruppen an England (an iwwerhaat) déi politesch bewosst Musek maachen.Si sin eng Band, di et färdegbrengen, excellent Musek matt philosophesch-politeschen Texter ze meschen, sou datt absolutt speziell an genial Lidder entstinn.
Mee Levellers ruffen net nemmen an hieren Lidder zu Gerechtegkeet op, si maachen och aktiv matt, ennert aanerem bei enger Organisatioun mam Numm "Justice" (wi kinnt et aaneschters och sin) an ennerstetzen des finanziell. An hierer Musek, hieren Show's an diversen Publikatiounen beleidegen si d'Britescht Gouvernement. Wéi virun 2 Joer d'Conservative Party huet missen un d'Labor Party oofgin, dunn war daat schon sou eppes wéi en klengen Succes fir d'Levellers an hier Unhänger.Haaptsächlech awer ruffen d'Levellers op, den Bierger soll seng Rechter kennen an en soll sech net vun schläimegen Politiker beafflosse loossen, mee sech seng Meenung selwer maachen vun deem waat en gesäit, héiert an spiert.
D'Levellers sin bis elo nach emmer deen selwechten musikaleschen Wee gaangen, ouni och nemmen en bessen langweileg ze gin, an daat mam Gedanken :
Des Lescht sin Lidder, vun deenen d'Texter besonnesch politesch sin, se sin schon faszinant wann een se einfach nemmen liest....
The Likes Of You And I
The Battle Of The Beanfield
Social Insecurity
Barrel Of A Gun
Fir eng komplett Biographie op englesch, klick hei ! Click here for a complete biography written in english !!
