Hei well ech e puer Destinatiounen opzielen, wou ech bis elo war an wou et mer extrem gutt gefall huet ... wann dir mengt do geng nach eppes feelen, dann mailt mer !
Nordfriesland läit an Holland, fir daat emol kloer ze stellen. Ech war Juni'98 do fir ze seegelen, op engem groussen Zweemaster, mam Numm "Actief" (Foto), an et as absolutt dowärt eng Kéier dohin ze reesen, well et ass net esou wäit ewech (ronn 5 Stonnen Auto), et as wonnerschéin do (Foto), d'Leit sin immens frendlech an et as touristesch iwwerhaat net iwwerlaaf. Haaptargument wier awer, dass et wierklech immens flott as, an wann een do och nach seegelt, dann kritt een daat Liewen do bei all deenen Deichen sou richteg matt. Fir do erauszegoen fennt een an deenen klengen flotten Fescherdierfer leider oft keng Disco, just e puer gemittlech Pub's, mee no engem laangen Daag as een och oft ze freckt fir do nach en decken flippen ze goen.
Plaazen wou der musst higoen : Terschelling, Harlingen, Makkum an iwwerall
Hei as dann och nach en Link , deen ierch e bessen mi genau Informatiounen get.
"The Big Apple" as wierklech esou faszinant an sou hektesch wi een daat emmer sou héiert. Einfach eng Weltstaad, matt allem waat een brauch : Muséen fir d'Kultur, Buttecker fir den Portmonni, an en riisegen Park fir ze raschten.Deen eenzegen Probleem deen kinnt opkommen, wieren d'Suen well et as effektiv zimlech deier,besonneg waat d'Iessen ubelaangt. Wann een well gutt iessen, muss een och dofir bezuelen.Am beschten huet een sech awer zu Manhattan opzehaalen, ausser et wéilt een vläit eng kleng Kläpp zu Harlem ufänken, mee bon. Daat eenzegt wat vläicht enttäuschend kinnt sin, ass d'Fräiheets-Statue di iwwerhaapt net sou grouss as, wi se an all gudden amerikaneschen Filmer emmer gewisen get.Mee soss as eng Rees dohin absolutt dowärt, et as einfach en eemolegt Erliefnis.
Plaazen wou der musst higoen : steet an all guddem Guide. En klengen Tip, wann der excellent indesch wellt iessen goen, an dir hutt genuch Suen dobei an Loscht op eng genial Vue op den Park, dann gitt an den Nirwana (59th Str. W), daat as einfach dowärt.
Hei gitt der alles iwwert d'Weltmetropol gewuer.
London, bestemmt war schon all Mensch vun iech eng Kéier do, an wann net dann musst der et onbedengt maachen, op jidde Fall muss ech elo och hei mäin Kommentar iwwert London lassgin. London as mol fir d'alleréischt zimlech deier, an daat net nemmen well d'Pond héich as. Enner 1500,-Frang d'Nuecht fannt der secher näischt, an fir deen Präis hun mir an enger Jugend- herberge (Youth Hostel St.Pancras) iwwernuecht, an och an engem Bed&Breakfast (Alhambra Hotel), wou et awer ganz flott war.
Kulturelles waren mer weider net kucken, well daat jiddereen schon matt den Eltren gesinn haat, waat awer net well heeschen dass et net derwärt as, mee daat as an all Guide opgeschriwwen. Daat Allerbescht, nierft dem Erausgoen natierlech, waat et zu London get, as den Underground, matt deem een wierklech iwwerall hikennt.
Dest as déi Offiziell Homepage vun der Staad London.