Am Fong get et do net souvill ze erzielen, ech sin an d'Schoul gaangen, mol an d'Vakanz.Ajo.Am 5.Schouljoer sin mer matt der Schoul an den Wantersport gaangen an do hun ech Schifueren geléiert, eppes waat mer haut total Spaass mecht, an dunn och schon.Am 6.Schouljoer gouf dunn zimlech geléiert well ech hun jo missten den Opnaamexamen packen, deen as et jo nach gin dunn.Ech hun en gepackt an am Hierscht 1993 sin ech dunn an den Lycée Robert-Schuman gaangen.Rem eng Kéier as den Eescht vum Liewen ugaangen.
Ech muss soen dass ech an der Primärschoul emmer zu deenen beschten Schüler gehéiert hun, also ech mengen ech war wuel en zimlechen Streber, mmh.Koomesch wi een sech ännert.Soit, ech haat ni Probleemer an der Primärschoul, en bravt Meedchen wi et der 100000 gin. Am 3.Schouljoer hun ech dunn meng Kommioun gemaach, wou ech ganz vill Kadoen kruut.En weideren Zweck hun ech och net an der Kommioun gesinn.Ech hoffen ech schockéiren elo hei keen.Jojo, an dunn as d'Liewen alt sou weidergaangen, ech hun en Sport ugefaangen, Tennis, an nees opgehaalen, ech sin och direkt am 1.Schouljoer an d'Scouten gaangen, hei zu Nidderaanven.Do sin ech och bis elo nach dran, an ech sin elo am Fong an mengem 10.Scoutsjoer, as daat net eng schéin Zuel.Scouten waren emmer deck Spaass fir mech, ech hun mech emmer gutt ameséiert (elo och nach, mee ech schwetzen jo vun dunn).