Wéi ech dunn an déi grouss Schoul komm sin, den Lycée Robert-Schuman an der Staad, war ech en typeschen klengen Septi, wéi et der och 100000 gin. Ech war frou endlech zu deenen groussen an coolen ze gehéiren, wéi ech daat gemengt hun. Op 7e hun ech dann och vill Leit kennengeléiert, ennert aanerem d'Catch waat meng bescht Frendin gin ass, allerdengs réicht op 6e. Op 6e haat ech mech dunn entscheed Latäin ze léiren, eppes waat ech läscht Joer gezwongenermoossen hun missen opgin an 3 Joer fir näischt geléiert hun. Soitt, ech war op 7e an 6e nach emmer eng zimlech gutt Schülerin, 5e bessen manner an op 4e awer guer net méi. An deenen Joren (5e an 4e) huet sech och mäin Museksgout ganz staark manifestéiert, ech sin en richtegen Musek Fan gin, awer nemmen gutt Musek. Dozou méi op der Links Säit. An deenen Joren vun 7e bis 5e hun ech am Fong net immens vill erlieft, op 5e war ech op en Levellers Concert am Atelier , en absolutt genialen Concert wou ech och ganz stolz sin dass ech do war.Levellers sin neemlech genial, mee wannste mäin Levellers Tribute gelies hues, dann brauch ech der daat wuel kaum ze soen.
Mam Catch huet dunn op 6e eng super Frendschaft ugefaangen, well mer do zesummen op Latäin gaangen sin. Leider waren mer nemmen bis 5e zesummen an der Klass, well ech mech op 4e fir eng véiert Sprooch entscheed hun, an dunn goufen mer getrennt.Ech muss awer soen, dass dat eis Frendschaft guer net beeinträchtegt huet, am Géigendeel, se ass suguer nach méi déif gin.Mir zwee hun och schon richteg vill zesummen gemaach an erlieft, also eben eng richteg schéin Frendschaft.Mee daat kenns du bestemmt och.Wéi den Stand elo, genee ELO ass, gesste op der nexter Säit gewuer.