Ech erzielen hei also e bessen iwwert mech wi ech nach ganz butzeg war, mee zevill gesste onnet gewuer, schliisslesch geet dech net grad alles eppes un. Mee well ech selwer emmer vill well wessen iwwert déi, déi eng Homepage gemaat hun, hun ech decidéiert en bessen méi wéi üblech z'erzielen.
Alles huet alos ugefaangen wéi meng Mamma an mäin Pappa sech op der Uni kennengeléiert hun, an sech dunn bestued hun. An dunn koum schliesslesch daat grousst Evenement : den 6.Oktober 1980 as d'Laure gebuer gin. Ech heeschen einfach nemmen Laure, ganz banal, an net wéi aaner Leit matt zweetem oder drettem Numm Margot oder Georgette heeschen. Ech gouf also als Wo (Waage, Balance) gebuer, moies fréi géint 9 Auer hun ech mer soen gelooss. Am Fong war ech en Iertum, mee wann ech daat sou stoen loossen, klengt daat jo schrecklech. Also, als kleng Erklärung dann, den Dokter haat mengen Eltren gesoot ech géif en Jong gin.Super, ne. An dunn goufen eben während deenen 9 Méint Pyjama'en matt Fliigeren kaaft, en Futtball an hellblo Pampersen, eben alles waat sou en klengen léiwen Bouf kritt wann en op d'Welt kennt. Mee ech wollt se dunn bessen iwwerraschen an sin einfach en Meedchen gin. Aus dem Numm Laurent, deen fir mech jo geplangt war (ech sollt jo en Jong gin), gouf dunn kuerzerhand Laure gemaat; meng Eltren haaten nach emmer vill Fantasi.Schliisslech kruut ech dunn awer lauter Kadoen déi fir en Meedchen méi netzlech sin, wéi Räckelcher, Poppen an Petzien.Stechwuert Petzi. Zwee Deeg no menger Gebuert, also den 8. Oktober kruut ech en Petzi geschenkt, en Hues vun Steiff.Deen hun ech Baxi gedeeft an as mettlerweil dann och sou aal wéi ech, 17 Joer. En gesäit leider e bessen mattgeholl aus, mee en huet och schon vill duerchgemaat. Mee et geet jo em mech, an net em heen.
Als éischtgebuerend gouf ech dunn vun der ganzer Famill, Bomi, Bopi, Tatta, Monni an deen ganzen Klibbchen zimlech verwinnt. Net laang, well dunn gouf mäin Brudder gebuer, 20 Méint no mir. Ech war elo déi grouss Schwester an hun gutt op mäin Bruder opgepasst. Mir zwee hun eis als Kanner emmer gutt verstaanen, mee elo as daat nemmi grad sou den Fall. Op jidde Fall hun ech emmer matt mengem Brudder Autoen an Futtball gespillt, an heen matt mir Mamm a Papp a Kand (zu zwee, daat muss een réicht ferdegbrengen) :-) . An d'Schoul sin ech schon en Joer éischter gaangen, ech sin schon matt 3 Joer an eng Schoul gaangen am Rollengerground, eppes wéi eng Crèche, mee et war eben eng Art Spillschoul.Dunn sin ech zu Nidderaanven an d'Spillschoul gaangen, 2 Joer wi daat üblech as.Während all meng Frendinnen an der Spillschoul schon hier Mellechzänn verluer hun, sou as mäin éischten eréischt um Schluss vum 1.Schouljoer erausgefall. Ech war dodran bessen spéid un. An der Spillschoul kruut ech och d' Waasserpouken an d'Riedlen, an daat war eng richteg Qual fir mech, kann ech mech nach gutt erenneren. Huet sou onmoosseg gekraatzt. An mam 1.Schouljoer as dunn den Eescht vum Liewen ugaangen.